Mamm vun dräi Kanner (2014, 2017, 2021) mat engerm wonnerbare Papp u menger Säit.
Resilienztrainer & Weebegleederin
Sacred Embodiment Mentorin
Coach für bindungs- & bedürfnisorientierte Erzéihung
Visionärin fir selbstbestëmmte Bildung
fréiher Musik- & Grondschouljoffer
Generator 2/4
Mäi Numm ass Michèle an ech lierwen mat mengem Häerzenspartner & eisen dräi Kanner zu Lëtzebuerg am Wëlle Westen.
Schon ëmmer hunn mech Themen ronderem "Mamm a Fra sinn" begeeschtert. Mir war eigentlich schon fréih kloer, dass ech Kanner an d´Lierwen begleeden wollt. Sou sinn ëch Joffer am Fondamental ginn an hunn och meng Léift zu der Musék an der Musekschoul un déi Klengste weiderginn.
Mat 28 Joer sinn ech fir d´zweet Mamm ginn. Eise Jong war grad 2 1/2 Joer al, wéi seng Schwester gebuer ginn ass. Ab do war ech immens oft iwwerferdert mat all menge Rollen, virun allem awer mat der Roll als Mutter. Meng Kanner hu mëch virun déi gréissten Herausfuerderung gestallt: Geschwëstersträit, staark Gefiller, Mental Load an den deeglechen Alldagswahnsinn hu mech an den Zoustand vun purer Erschöpfung bruecht. Ech hat mëch als Fra & als Mamm komplett verluer an der bedürfnisorientéierter Begleedung vun eise Kanner.
Ech war um Nullpunkt, mee eng Stëmm a mir ass ëmmer méi haart ginn an het mech dozou gedrängt mengem Häerz no ze goen. 2020 hunn ech mech dazou entscheed mäin Beruf als Léierin ob ze ginn, entgéint all Rotschlo vun deenen aneren an och mengen eegenen Ängschten. Eng Rees zeréck zu mir, zu deem fir wat ech wirklëch brennen, fir wat mäin Häerz schléit, zu där Persoun, déi ech wirklech déif a mir dran sinn.
Säit deem hunn ech mech a ville Beräicher ronderem d´Famill weidergebild: bindungsorientéierte Begleedung, gewaltfräi Kommunikation, selbstbestëmmte Bildung, EFT, Regulation vum Nervensystems ob Kierperebene (somatic work), Innere Kind & Schietarbecht etc.
Menge Kanner hier Gefillsstärkt huet mech dozu obgeruff, meng eegen Gefillsstärkt bewosst unzehuelen an ze léiren mat menge Gefiller ëmzegoen ouni direkt auszeflippen an gläichzäiteg ze erkennen, wat déi Gefiller mir wëllen soen.
Lues a lues ass a mir déi Visioun gewuess een Raum zu Lëtzebuerg fir dës Themen ze schaafen. Bedürfnisorientéiert Begleedung ass keng alternativ Erzéihungsmethod, mee eng Haltung. Et geet drëms de Mënsch an all senge Bedürfnisser, sengen Interessen an senge Gefiller ze gesinn an esou unzehuelen wéi hien ass. Et ass de Wee an eng Welt am Fridden an där jiddereen seng Wouerecht mat all senge Gefiller a Bedürfnisser ka lierwen.
Ech sinn frou iwwert all Mënsch, dee bereet ass, seng Wonnen an seng Themen unzekucken an esou e Stéck méi Fridden an dës Welt bréngt.
Much love,
Michèle
Diese Ausbildungen und Programme haben mich bis jetzt auf meinem Weg begleitet...
- Bachelor en Sciences de l´éducation (Belgique) (2012)
- Musikgarten (2014)
- Meine Stimme in mir (2017)
- Waldbaden (2019)
- "Babysteps" von einfach Eltern (bedürfnisorientierte Begleitung von Babys & Kleinkindern) 2019
- Familyculture Aufbau von Avital Levy Schreiber (2021)
- Selbstbehauptungs- und Resilienztrainerin für Kinder (Stark auch ohne Muckis Ausbildung nach Daniel Duddek) 2023
- Wundervibe Methode (EMbodiment) nach Melanie Paonam (2024)
Froen ? Da schreiw mir gären.
info@michelebloes.com